settings icon
share icon
Fro

Ech hunn lo mäin Glawen a Jesus gesat... wat elo?

Äntwert


Gléckwonsch! Du hues eng Liewensverännerent Decisioun geholl! Villäicht frees de dech elo: „ Wat elo? Wei fänken ech meng Rees zesumme mat Gott un?“ Déi fënnef Schrëtt hei ënnendrënner ginn dir eng Direktioun vun der Bibel. Wanns de Froen op denger Rees hues komm w.e.g. op: www.GotQuestions.org/Letzebuergesch.

1. Gei sécher dass du d´Erléisung verstan hues.
1 Johann 5:13 seet eis „Ech schreiwen dës Saache fir di di an den Numm vum Jong vu Gott gleewen, fir dass dir wësst dass äert Liewen onendlech ass.“ Gott well dass mir d´Erléisung verstinn. Gott well dass mir eis absolut sécher fille kennen. Loosst eis kuerz iwwer e puer Punkte vun der Erléisung goen:

(a) Mir hunn all gesënnt. Mir hunn all Saache gemaach déi Gott net gefalen (Romain 3:23).

(b) Wéinst eise Sënnen hunn mir et verdéngt fir ëmmer vu Gott getrennt ze sinn (Romain 6:23).

(c) Jesus ass um Kräiz gestuerwe fir fir eis Sënnen ze bezuelen (Romain 5:8; 2 Korinthians 5:21). Jesus ass an eiser Plaz gestuerwen an huet d´Strof déi mir verdéngt hunn op sech geholl. Seng Operstéiungszeen beweist eis dass säin Doud genuch war fir fir eis Sënnen ze bezuelen.

(d) Gott garantéiert Verzeiung all deenen déi hire Glawen op Jesus setzen an dorop vertrauen dass säin Doud eis Sënne bezuelt huet.

Dest ass de Message vun der Erléisung! Wanns du däi Glawen op Jesus, als däi Retter gesat hues da bass du gerett! All deng Sënne sinn verginn a Gott versprécht, dass en dech ni verléisst an dech ni vergësst (Romain 8:38-39; Matthieu 28:20). Vergiess net dass deng Erléisung sécher ass duerch Jesus Christi (Johann 10:28-29). Wanns du Jesus als däi Retter vertraus, kanns du dir sécher sinn dass du d´Éiwegkeet zesumme mat Gott am Himmel verbréngs!

2. Sich eng gutt Kierch déi d´Bibel léiert.
Huel d´Kierch net nëmmen als e Gebai. D´Kierch sinn d´Leit. Et ass wichteg dass Gleeweger sech hëllefen ënnerteneen. Dat ass eng vun deene wichtegstes Eegeschafte vun der Kierch. Lo wous de däi Glawen a Jesus gesat hues encouragéiere mir dech eng Kierch ze fannen di un d´Bibel gleeft an mam Paschtouer ze schwätzen. Looss hie wëssen dass du lo u Jesus gleefs.

Déi zweet Eegenschaft vu der Kierch ass d´Bibel ze léieren. Du kanns léiere weis de d´Instruktioune vu Gott ëmsetze kanns an dengem Liewen. D´Bibel verstoen ass de Schlëssel fir ee gutt Liewen als Chrëscht ze féieren. 2 Tim 3:16-17 beseet „ All Strophe ass vu Gott ugehaucht an ass sënnvoll fir d´Erléiere vun den Eegenschaften déi een brauch fir fir all gutt Arabescht gewappnet ze sinn.“

En drëtte Grond vun der Kierch ass d´Verehrung Gottes. Vereieren ass dem Gott Merci soe fir alles wat Hien gemaach huet! Gott huet eis gerett. Gott huet eis gär. Gott gëtt eis en Sënn. Gott leed eis. Wei kéinte mir Gott net wëlle Merci soen? Gott ass helleg , éierlech, huet eis gär an ass voll vu Gnoden. D´Erfëllung 4:11 seet: „ Du bass et wäert, eisen Här a Gott, d´Éier, d´Unerkennung an d´Kraaft ze kréie fir alles wat du erschaaft hues, an duerch däi Wellen ass alles erschaf ginn a krut alles eng Séil.“

3. Huel der all Dag Zäit fir u Gott ze denken.
Et ass ganz wichteg all Dag Zäit mat Gott ze verbréngen. E puer Mënschen nennen dest „roueg Zäit“. Anerer nennen et „Zouwennung“, well et d´Zäit ass déi mir Gott zouwennen. Verschiddener huelen sech léiwer Zäit Moies anerer léiwer Owes. Et ass net wichteg wei een dës Zäit nennt oder wéini een sech se hellt. Wat wierklech wichteg ass dass een sech regelméisseg Zäit fir Gott hellt. Aus wat besteet eis Zäit mat Gott?

(a) Gebiet. Bieden ass einfach mat Gott schwätzen. Schwätz mat Gott iwwer deng Problemer. Fro Gott dir Weisheet a Leedung ze ginn. Fro Gott dir dat ze gi wats du brauchs. So Gott wie gär du Hien hues a wie frous de iwwer alles bass wat Hien fir dech mëscht. Dat ass et wouran et beim Biede geet.

(b) Lies d´Bibel. En plus zu deem wats de iwwer d´Bibel an der Kierch geléiert gëss ass et wichteg d´Bibel fir dech selwer ze liesen. D´Bibel enthält alles wats du brauch fir e gutt chrëschtlecht Liewen ze féieren. Se enthält d´Leedung vu Gott fir déi richteg Entscheedung ze huelen, weis de weess wat de Welle Gottes ass, wei mir eis géigeniwwer Anere verhale sollen a wie mer eise Glawe verstäerke kennen. D´Bibel sinn d´Wieder vu Gott zu eis. D´Bibel ass Bedienungsanleitung fir eis ze léiere wéi mir eis Liewe liewe solle fir Gott ze gefalen an Hien ze befriddegen.

4. Entwéckel Bezéiungen zu Leit déi der an dengem Glawen hëllefe kennen.
1 Korinthian 15:33 seet eis: „Falschen Ëmgang mëscht eis zu schlechte Mënschen.“ D´Bibel ass voll mat Warnunge virum Afloss vu„schlechten“ Mënschen. Zäit mat Leit ze verbréngen déi Sënne begi bréngt eis an Versuchung. De Charakter vun deene ronderëm eis fierft op eis of. Dofir ass et esou wichteg eis mat Leit ze ëmginn déi, wei mir, Gott gär hunn an Hien als wichteg ugesinn.

Probéier e Frënd ze fannen oder zwee an der Kierch déi dir hëllefen an dech encouragéiere kennen (Hebräesch 3:13; 10:24). Fro deng Frënn ze iwwerwaachen dass du deng roueg Zäit och wierklech anhäls an och däi Wee anhäls deens du mat Gott gees. Fro se ops du dat selwecht fir si maache kanns. Dat heescht net dass de alleguer deng Frënn di net u Gott gleewe fale loosse solls. Bleif hire Frënd. Looss se nëmme wëssen dass Jesus däi Liewe verännert huet an dass de net méi alles wéi fréier mat maache kanns. Bied Gott dorëm dir Méiglechkeeten ze gi Jesus mat denge Frënn ze deelen.

5. Sief gedeeft.
Vill Mënsche mëssverstinn de Sënn vun der Kanddaf. Daf heescht naicht aneres wei Ee gi mat Gott. Et ass de biblesche Wee sech ëffentlech als Chrëscht ze weisen an ze weisen dass du u Gott gleefs. D´Beweegung vum aus dem Waasser kommen ass eng Metapher bezunn op dem Jesus seng Operstéiungszeen. Gedeeft ze sinn heescht sech mat dem Jesus sengem Doud, senger Beerdegung a senger Operstéiungszeen identifizéieren ze kennen (Romain 6:3-4).

D´Deef ass net dat wat dech rett. Se wäscht deng Sënnen net fort. D´Deef ass nëmmen ee Schratt an déi richteg Richtung an een ëffentlechen Ausruff dass du lo u Gott gleefs. Wanns du dech bereet fills gedeeft ze ginn, schwätz am beschte mat dengem Paschtouer.

English



Zeréck op di Lëtzebuerger Haaptsäit

Ech hunn lo mäin Glawen a Jesus gesat... wat elo?
© Copyright Got Questions Ministries