settings icon
share icon
Fro

Sinn ech verzien? Wie kann ech all meng Sënnen vu Gott vergi kréien?

Äntwert


Akten 13:38 besoen, „Dowéinst, meng Bridder, dass d´Verzeiung vu Sënnen duerch Jesus geséchert ginn ass.“

Wat ass d´Verzeiung an firwat brauch ech se?

D´Wuert „Verzeiung“ heescht eng Situatioun propper wäschen, pardon soen, eng Schold begläichen. Wann mir engëm eppes Schlechtes ugedo hunn sichen mir ëm Verzeiung bei hinnen, fir dass d´Bezéiung gerett ka ginn. Verzeiung ass net sécher well jiddereen se verdéngt. Keen verdéngt et verginn ze kréien. Verzeiung ass en Akt vu Léift, Barmhäerzegkeet an Gnode. Verzeiung ass eng Decisioun engëm eppes net méi virzehalen , egal wat se dir ugedo hunn.

D´Bibel seet eis, dass mir alleguer Verzeiung vu Gott brauchen. Mir hunn alleguer gesënnt. Ecclesiates 7:20 beseet: „Et gëtt keen Mënsch ouni Sënn op der Welt, deen nëmmen dat Richtegt mëscht an nimools sënnt.“ 1 Johann 1:8 beseet: „Wann mir behaapten mir wieren ouni Sënnen dann verschléissen mir eis an d´Wourecht ass net an eis.“ All Sënn ass géint Gott geriicht an weist op eng Rebellioun géint Gott hin (Psalm 51:4). Also Resultat, brauchen mir onbedéngt Verzeiung vu Gott. Wann eis Sënnen net verginn ginn, wäerten mir bis an d´Onendlechkeet leiden (Matthieu 25:46; Johann 3:36).

Verzeiung – Wie kréien ech se?

Zum Gléck, huet Gott eis all gär an ass gnädeg, an ass dofir frou eis eis Sënnen verzeien ze kennen.“...Hien ass gedëlleg mat dier, hien well keen zwéngen, mä en well dass sech eng Sënn net widderhëlt.“ Gott well eis verginn an dofir gëtt Hien eis Verzeiung.

Déi eenzeg gerecht Strof fir eis Sënnen ass den Doud. Déi éischt Halschent vum Romain 6:23 beseet: „Well d´Erléisung vun de Sënnen den Doud ass...“ Den onendlechen Doud ass alles wat mir fir eis Sënnen verdéngt hunn. Gott mat sengëm perfekten Plang ass en Mënsch ginn – Jesus Christi (Johann 1:1,14). Jesus ass um Kräiz gestuerwen an huet Strof geholl di mir verdéngt haten – den Doud. 2Korinthianer 5:21 leiert eis: „Gott huet Hien deen keng Sënnen huet gemaach fir dass Hien all Sënnen vun eis ass, fir dass mir duerch Hien rëm op de richtegen Wee kommen.“ Jesus ass um Kräiz gestuerwen an huet d´Strof ugeholl di mir verdéngt haten! Fir Gott ass dëm Jesus säin Doud gläichzestellen mat der Verzeiung vun allen Sënnen vun allen Mënschen. 1 Johann 2:2 beseet: „ Hien ass en Opfer fir all eis Sënnen, mä net nëmmen eis mä di vun der ganzer Welt“ . Jesus ass vun den Doudegen operstaan an huet domat säin Gewënn iwwer Sënn an Doud bewisen (1 Korinthians 15:1-28). Helleg sief Gott, duerch den Doud an d´Obersteeung vu Jesus Christi, di 2. Halschent vum Romain 6:23 ass wouer : „...mä d´Geschenk Gottes ass éiwegt Liewen duerch Jesus Christi eisen Här.“

Wëlls du dass deng Sënnen verginn ginn? Hues du een komescht Gefill vu Schold an dier, dat de net fort kriss? Verzeiung vun dengen Sënnen ass méiglech wann s du däin Glawen op Gott setz an un hien als däin Retter gleefs. Ephisian 1:7 seet: „An Him hu mir Verzeiung vun eisen Sënnen duerch säin Blutt, am Aklang mat senger onendlecher Gnädegkeet.“ Jesus huet eis Schold bezuelt, fir dat mir verginn kennen kréien. Alles wats du maachen muss ass Gott ëm Verzeiung bieden duerch Jesus, gleef dass Jesus gestuerwen ass fir fir deng Verzeiung ze bezuelen – an Hien wäert dir verzeien! Johann 3:16-17 beseet: „ Gott huet seng Welt gär an schéckt dofir säin eenzegen Jong, fir dass di di un Hien gleewen verginn kréien an eiwescht Liewen erhalen duerch Hien. Gott huet en net geschéckt fir eis ze bestrofen mä fir d´Welt ze retten duerch Jesus.“

Verzeiung – ass et wierklech sou einfach?

Jo et ass sou einfach! Du kanns dir Verzeiung net bei Gott verdéngen, Du kanns net fir deng Verzeiung bei Gott bezuelen. Du kanns et nëmmen kréien, duerch Glawen an duerch d´Barmhäerzegkeet vu Gott. Wanns du Jesus Christi akzeptéiers als däi Retter dann ass hei een Beispill Gebiet. Vergiess net dest Gebied ze soe well all anert Gebiet dech net rette kann. Nëmmen d´Vertrauen u Christi kann dech rette virun denge Sënnen. Dest Gebied ass nëmmen ee Wee fir Gott däi Glawen ze beweisen an Him Merci ze soe fir deng Rettung. „ Gott, ech weess dass ech schon rëm gesënnt hunn en eng Bestrofung verdéngen. Mee Jesus huet d`Strof vu mir geholl sou dass ech duerch de Glawen un Hien entschëllegt ginn. Ech setzen all mäin Vertrauen an dech fir meng Erliichtung. Merci fir deng Gnoden an d´Unhuele vu menger Entschëllegung-d´Geschenk vum éiwege Liewen! Amen!“

Hues du Christi ugeholl duerch ee vun eisen Artikelen? Wann jo klick w.e.g op de Knäppche „Ech hu Christi haut akzeptéiert“.

English



Zeréck op di Lëtzebuerger Haaptsäit

Sinn ech verzien? Wie kann ech all meng Sënnen vu Gott vergi kréien?
© Copyright Got Questions Ministries