settings icon
share icon
Fro

Sinn ech onstierflech?

Äntwert


D´Bibel gëtt eis ee kloere Wee fir en onendlecht Liewe fir. Als éischt, musse mir eis agestoen, dass mir gesënnt hunn: „Well jidderee gesënnt huet an nëmmen e bëssche vu Gott senger Herrlechkeet verdéngt hunn“ (Romain 3:23). Mier hunn alleguerte Saache gemaach di Gott net gefalen an mir hunn dofir och eng Strof verdéngt. Well all eis Sënne géint Gott geriicht sinn, ass och nëmmen eng onendlech Strof genuch. „D´Strof fir Sënnen ass den Doud mä nëmme Gott huet Méiglechkeet eis éiwegt Liewen ze ginn duerch Jesus Christi eisen Här“ (Romain 6:23).

Mee, Jesus Christi de sennlosen (Pierre 2:22), éiwege Jong vu Gott ass e Mann ginn (Johann 1:1,14) an ass gestuerwe fir eis Feeler ze bezuelen. „De Gott huet seng Léift domat bewisen, och wann mir nach all Sënner waren, Christi ass fir eis gestuerwen“ (Romain 5:8). Jesus Christi ass um Kräiz gestuerwen (Johann 19:31-42), en huet d´Strof déi mir verdéngt hunn op sech geholl (2 Korinthians 5:21). Dräi Deeg no sengem Doud ass en Operstane vu den Doudegen (1 Korinthians 15:1-4), a beweist sou säi Gewënn iwwer Doud an d´Sënnen. „Mat sengem groussen Opfer huet Hien eis eng nei Gebuet erméiglecht duerch d´Operstéiungszeen vu Jesus Christi“ (1 Pierre 1:3).

Mat eisem Glawen, musse mir d´Art a Weis ännere mat där mir Christi beuerteelen- wien Hien ass, wat Hien gemaach huet a firwat- fir eis Erléisung (Akten 3:19). Wann mir un Hien gleewen, Sengem Doud um Kräiz fir eis Sënnen ze bezuele gleewen, vergëtt eis Gott an mir erhalen en onendlecht Liewen am Himmel. „ Well Gott säin sou geleiwten an eenzege Jong geopfert huet, fir dass jiddereen deen un Hien gleeft een onendlecht Liewe geschenkt kritt“ (Johann 3:16) „ Wanns du sees dass `Jesus eisen Här ass´ an mat dengem Häerz gleefs, dass Gott Hien vun den Doudegen operstoe gelooss huet, da bass du gerett“ (Romain 10:9). De Glawen alleng un den Doud vu Jesus Christi an un seng vollbruecht Aarbecht ass deen eenzege wierkleche Wee zum Onendleche Liewen! „Et ass duerch d´Gnode vu Gott dass du gerett gi bass, duerch de Glawe – an net duerch dech selwer, et ass e Geschenk Gottes- net duerch Aarbecht (Ephianer 2:8-9).

Wanns du Jesus Christi akzeptéiers als däi Retter dann ass hei een Beispill Gebiet. Vergiess net dest Gebied ze soe well all anert Gebiet dech net rette kann. Nëmmen d´Vertrauen u Christi kann dech rette virun denge Sënnen. Dest Gebied ass nëmmen ee Wee fir Gott däi Glawen ze beweisen an Him Merci ze soe fir deng Rettung. „ Gott, ech weess dass ech schon rëm gesënnt hunn en eng Bestrofung verdéngen. Mee Jesus huet d`Strof vu mir geholl sou dass ech duerch de Glawen un Hien entschëllegt ginn. Ech setzen all mäin Vertrauen an dech fir meng Erliichtung. Merci fir deng Gnoden an d´Unhuele vu menger Entschëllegung-d´Geschenk vum éiwege Liewen! Amen!“

Hues du Christi ugeholl duerch ee vun eisen Artikelen? Wann jo klick w.e.g op de Knäppche „Ech hu Christi haut akzeptéiert“.

English



Zeréck op di Lëtzebuerger Haaptsäit

Sinn ech onstierflech?
© Copyright Got Questions Ministries