settings icon
share icon
Fro

Wat heescht et Jesus als däi perséinleche Retter ze akzeptéieren?

Äntwert


Hues du Jesus Christi als däi perséinleche Retter akzeptéiert? Fir dës Fro wierklech verstoen ze kenne muss du fir d´Éischt d´Termë „Jesus Christi“, „perséinlechen“ a „Retter“ verstoen.

Wien ass Jesus? Vill Leit ginn zou dass Jesus Christi e gudde Mënsch, e super Proff oder souguer e Prophet Gottes war. All dës Saache sinn sécherlech wouer, mä se definéieren net zu honnert Prozent wien Hien war. D´Bibel seet eis dass Jesus Gott a Fleesch a Blutt ass also Gott an mënschlecher Form(Johann 1:1,14). Gott ass op d´Welt komm fir eis ze léieren, eis ze heelen, eis ze verbesseren, eis ze verginn a fir eis ze stierwen! Jesus Christi ass Gott, eisen Här. Hues du dëse Jesus akzeptéiert?

Wat ass ee Retter a firwat brauch ech ee Retter? D´Bibel seet eis dass mir all gesënnt hunn, mir hunn all schlecht Saache gemaach (Romain 3:10-18). Als Resultat verdénge mir dem Gott seng Roserei an seng Verurdeelung. Déi eenzeg Strof wier eng onendlech Strof (Romain 6:23; Erhellung 20:11-15). Dofir brauche mir ee Retter!

Jesus Christi ass op d´Welt komm an ass an eiser Plaz gestuerwen. Den Doud vu Jesus war Bezuelung fir all eis Sënnen. (Korinthians 5:21). Jesus ass gestuerwe fir d´Strof fir eis Sënnen ze bezuelen (Romain 5:8). Jesus huet de Präis bezuelt fir dass mir dat net mussen. Dem Jesus seng Operstéiungszeen beweist dass säin Doud genuch war fir fir eis Sënnen ze bezuelen. Dofir ass Jesus deen eenzege Retter (Johann 14:6; Akte 4:12)! Vertraus du a Jesus als däi Retter?

Ass Jesus däi „perséinleche“ Retter? Vill Leit gesinn de Chrëschtentum nëmmen doranner a Kierch ze goen, Ritualer ze praktizéieren an/oder verschidde Sënnen ze begoen. Mä dat ass net Chrëschtentum. Wierkleche Chrëschtentum ass eng perséinlech Bezéiung mat Jesus Christi. Jesus als däi perséinleche Retter ze akzeptéieren heescht däi perséinleche Glawen an Hien ze stiechen an Him ze vertrauen. Keen gëtt gerett duerch de Glawe vun Aneren. Keen kritt verginn duerch aner Taten déi en mëscht. Deen eenzege Wee gerett ze ginn ass Jesus als säi perséinleche Retter unzegesinn an un Hien ze gleewen an Him ze vertrauen dass säi Bezuelen all d´Sënne vun eis geholl huet (Johann 3:16). Ass Jesus däi perséinleche Retter?

Wanns du Jesus Christi akzeptéiers als däi Retter dann ass hei een Beispill Gebiet. Vergiess net dest Gebied ze soe well all anert Gebiet dech net rette kann. Nëmmen d´Vertrauen u Christi kann dech rette virun denge Sënnen. Dest Gebied ass nëmmen ee Wee fir Gott däi Glawen ze beweisen an Him Merci ze soe fir deng Rettung. „ Gott, ech weess dass ech schon rëm gesënnt hunn en eng Bestrofung verdéngen. Mee Jesus huet d`Strof vu mir geholl sou dass ech duerch de Glawen un Hien entschëllegt ginn. Ech setzen all mäin Vertrauen an dech fir meng Erliichtung. Merci fir deng Gnoden an d´Unhuele vu menger Entschëllegung-d´Geschenk vum éiwege Liewen! Amen!“

Hues du Christi ugeholl duerch ee vun eisen Artikelen? Wann jo klick w.e.g op de Knäppche „Ech hu Christi haut akzeptéiert“.

English



Zeréck op di Lëtzebuerger Haaptsäit

Wat heescht et Jesus als däi perséinleche Retter ze akzeptéieren?
© Copyright Got Questions Ministries