settings icon
share icon
Fro

Wéi ass de Plang fir d´Erléisung/ de Wee fir d´Erléisung?

Äntwert


Bass du hongereg? Net physesch hongereg, mä hongereg fir eppes méi an dengem Liewen? Ass eppes déif an dier wat ni befriddegt ginn ass? Wa jo dann ass Jesus däi Wee. Jesus seet:“Ech sinn d´Brout vum Liewen, deen dee bei mech kennt ass nimools hongereg an deen deen u mech gleeft ass nimools duuschtereg“ (Johann 6:35).

Bass de duercherneen? Fënns du ni e Wee oder e Sënn am Liewen? Wierkt et wie wann een Luuchten ausgemaach huet an du kanns de Schalter net fannen? Wann jo dann ass Jesus däi Wee. Jesus seet: „ Ech sinn d´Liicht vum Liewen. Ween mir nogeet geet ni am donkelen, mä en huet ëmmer d´Liicht vum Liewen“ (Johann 8:12).

Fills de dech heiansdo wéi wanns de ausgespaart wiers aus dem Liewen? Hues de vill Diere probéiert nëmme fir erauszefannen dass dat wat hannendrun stécht onwichteg ass? Sichs de eng Entrée an en erfëllend Liewen? Wann jo dann ass Jesus däi Wee. Jesus seet: „Ech sinn d´Dier, ween duerch mech duerchgeet gett gerett“ (Johann 10:9).

Loossen aner Leit dech ëmmer falen? Waren deng Bezéiungen ëmmer eidel? Fills de dech wéi wann jiddereen dech ausnotze well? Wann jo dann ass Jesus däi Wee. Jesus seet: „ Ech sinn de gudde Schéifer. E gudde Schéifer opfert sech fir seng Schof. Ech sinn de gudde Schéifer ech kenne meng Schof a meng Schof kenne mech“ (Johann 10:11, 14).

Wonners de dech wat nom Liewe geschitt? Bass de et Leed en Liewen ze liewen an deem alles vergänglech ass? Bezweiwels de heiansdo dass d´Liewen iwwerhaapt ee Sënn huet? Wëlls du nom Liewe wieder liewen? Wann jo dann ass Jesus däi Wee. Jesus seet: „ Ech sinn d´Liewen. Deen deen un mech gleeft och wann e stierft, lieft éiweg weider“ (Johann 11:25-26).

Wat ass de Wee? Wat ass d´Wouerecht? Wat ass d´Liewen? Jesus äntwer: „Ech sinn de Wee an d´Wouerecht an d´Liewen. Keen kennt bei de Papp ausser duerch mech“ (Johann 14:6).

Den Honger deen du fills ass spirituellen Honger an dee kann nëmme mat Hëllef vu Jesus gefëllt ginn. Jesus ass deen Eenzegen deen Donkelheet verschwanne loosse kann. Jesus ass d´Dier zu engem befriddegenem Liewen. Jesus ass de Frënd an de Schéifer no deems du gesicht hues. Jesus ass d´Liewen an dëser Welt an an der nächster. Jesus ass de Wee zur Erliichtung!

De Grond fir däin Honger, fir d´Donkelheet, dir d´Feele vum Sënn vum Liewen ass dass de getrennt bass vu Gott. D´Bibel seet eis dass mir all gesënnt hunn an sinn dofir vu Gott getrennt (Ecclesiasten 7:20; Romain 3:23). Déi Plaz am Häerz déits du spiers ass Gott dee feelt an dengem Liewen. Mir sinn erschaf gi fir eng Bezéiung mat Gott ze féieren, Wéinst eise Sënne sinn mir getrennt vun dëser Bezéiung. Nach schlëmmer eis Sënnen trennen eis bis an d´Éiwegkeet vu Gott, an dësem an am nächste Liewen (Romain 6:23; Johann 3:36).

Wéi kann dëse Problem geléist ginn? Jesus ass de Wee! Jesus huet eis Sënnen op sech geholl (2 Korinthians 5:21). Jesus ass an eiser Plaz gestuerwen (Romain 5:8) an huet Strof déi mir verdéngt hunn vun eis geholl. Firwat huet Hien dat gemaach? Jesus beäntwert dës Fro selwer : „Méi Léift ka keen hunn wéi säi Liewe fir seng Frënn ze ginn.“ (Johann 15:13). Jesus ass gestuerwe fir dass mir Liewe kennen. Wann mir eise Glawen a Jesus setze wäerten eis Sënne vun eis gewäsch ginn. Dann hunn mir eise spirituellen Honger befriddegt. D´Luuchten ginn un. Mir kréien Entrée an ee gutt Liewen. Mir kennen eise beschte Frënd a Schéifer. Mier wëssen dass mir en Liewen nom Doud wäerten hunn – am Himmel mat Jesus.

„Gott huet säin sou geleiwte Jong gin fir dass all déi déi un Hien gleewen net bestrooft mä en onendlecht Liewe kréien“ (Johann 3:16).

Hues du Christi ugeholl duerch ee vun eisen Artikelen? Wann jo klick w.e.g op de Knäppche „Ech hu Christi haut akzeptéiert“.

English



Zeréck op di Lëtzebuerger Haaptsäit

Wéi ass de Plang fir d´Erléisung/ de Wee fir d´Erléisung?
© Copyright Got Questions Ministries