settings icon
share icon
Fro

Existéiert Gott? Gëtt et Beweiser fir d’Existenz vu Gott?

Äntwert


D’Existenz vu Gott ka weder bewisen nach widderluecht gin. D’Bibel seet, dass mier akzeptéiere mussen dass Gott existéiert: „An ouni de Glawen, ass et onméiglech Gott ze gefalen, well wien bei Hien kënnt muss gleewen dass Hien existéiert an dass Hien déi belount, déi Hien sichen“ (Hebräesch 11 : 6). Wann Gott wéilt, kéint Hien sech och einfach weisen an domat der ganzer Welt beweisen, dass Hien existéiert. Mee wann Hien dat maache géif, wier kee Grond méi do ze gleewen. „Dunn huet Jesus him gesot,`Well du mech gesinn hues, hues du gegleeft; geseent sinn déi déi mech net gesin hun an trotzdem gleewen.´´“ (Joseph 20:29).

Dat heescht allerdéngs net, dass et kéng Beweiser gëtt géint d’Existenz vu Gott. D’Bibel seet:“Den Himmel weist op d’Herrlechkeet vu Gott hin; den Himmel ass d‘ Aarbecht vu Gott. Dag fir Dag schëdden se Rieden aus, Nuecht fir Nuecht weisen se hiert Wëssen. Et gëtt keng Ried a keng Sprooch an där hier Stëmm net erhéiert gëtt. Hier Stëmm geet eraus an d’Welt, hier Wieder bis un d’Enn vun der Welt.“ (Psalmen 19: 1-4) D’Stäre kucken, d’Onendlechkeet vum Universum, d’Observatioun vu Wonner an der Natur, d’Schéinheet vun engëm Sonnenënnergang gesinn-all des Saache weisen op d’Existenz vu Gott hin. Wann dës Grënn net genuch sinn, gëtt et nach ëmmer Beweiser vu Gott an eisen Häerzen.

Ecclesiates 3:11 seet eis,“…Hien huet och d’Onendlechkeet an d’mënschlech Häerzer gesat.“ Déif an eis ass leit d’Erkenntnis, dass et eppes iwwer der Mënschheet an iwwer der Welt gëtt. Mier kennen dest Wëssen intellektuell bestreide mä d’Existenz vu Gott an eis an ëm eis ass däitlech. Weiderhi warnt d’Bibel eis, dass nach ëmmer Leit gett déi d’Existenz vu Gott unzweiwelen:“ Den Idiot seet sech ´Et gëtt kee Gott`“(Psalmen 14:1). Well d’Majoriteit vun der Menschheet duerch d’Geschicht, d’Kulturen op allen Kontinenten un d’Existenz vun eppes wie Gott gleewen, muss et eppes (oder een) ginn deen un dësem Glawe Schold ass.

Méi nach wei nëmmen déi biblesch Argumenter fir d’Existenz vu Gott, gëtt et och nach logesch Argumenter. Fir d’Éischt gëtt et ontologesch Argumenter. Déi bekannteste Form vun ontologeschen Argumenter benotzt d’Konzept vu Gott fir ze beweisen, dass Gott existéiert. Et fänkt mat der Definitioun vu Gott un:“e Wiese méi grouss wie alles Aneres“. Et gëtt also gestridden, dass dat wat existéiert méi grouss ass wéi dat wat net existéiert, an dofir muss dat gréissten erdenke Wiesen existéieren muss. Wann Gott also net existéiere giff, da wier Gott net dat gréissten erdenklech Wiesen an dest ass widderspréchlech zu der Definitioun vu Gott.

En zweet Argument ass en theologescht Argument. D’theologesch Argument seet dass well d’Universum souvill wonnerbares an erstaunleches obweist, muss och een existeieren, deen d’Universum,erstallt huet. Zum Beispill, wann d’Welt nemmen e puer honnert Meter mein o oder mei weit vun der Sonn wech wier, wier et net meiglech dass esou vill Liewen op der Welt existeiert wie haut. Wann eis Atmosphär e besschen anescht wier, och nemmen e puer Prozent wier e Liewen op der Welt net meiglech. D’Chance dass eng eenzel Protein sech richteg entweckelt leit bei 1 zu 10243 (dat as eng 10 mat 243 Nullen). Eng eenzeg Zell besteet aus Millounen Proteinen. En drëtt logescht Argument fir d’Existenz vu Gott nennt sech d’kosmologescht Argument. All Effekt muss ee Grond hunn. Dest Universum an alles wat dra leit ass en Effekt. Et muss also Grënn gi fir alles befiert et existéiere kann. Also muss do eppes sinn ouni Grond fir dass alles aneres Grënn kann hunn an domat existéiere kann. Dest „eppes ouni Grond“ ass Gott.

Dat feiert Argument ass bekannt als en moralescht Argument. All Kultur an der Geschicht hat eng Art vu Gesetzer. Jiddereen hunn ee Sënn fir Richteg a Falsch. Morden, leien, klauen, an onmoralescht Verhale sinn universell schlecht ugesin. Wou koum also dese Senn fir Richteg a Falsch hier, wann net vu Gott?

Dës weidere weist d’Bibel eis dorop hin, dass d’Mënschheet versicht dat kloert an onbestreidbart Wessen a Glawen als Ligen duerzestellen. Romain 1:25 seet, „Si wiesselen d’Wouerecht vu Gott fir eng Ligen, a benotzen di kreéiert Saache méi wei den Erstelle selwer-un dee fir ëmmer geduecht gëtt.Amen.“ D’Bibel seet och nach dass Mënsche keng Excuse hunn net u Gott ze gleewen: “Seng Kreatioune weisen op dem Gott seng onsiichtbar Qualitéiten hin-Seng onendlech Kraaft a guthäerzeg Natur-sinn kloer gesi ginn, verstan gi vu wou alles kennt, sou dass d’Mënschheet ouni Excuse sinn“(Romain 1:20).

D’Menschheet well Gott net wouer hunn well „et wessentschaftlech net bewisen“ ass oder “et keng Beweiser ginn.“ Mä de wierklechen Grond dass een d’Existenz vu Gott unzweifelt, as well si dann och reliseieren mussen, dass si Responsabiliteiten vis-à-vis vu Gott hun an Hien em Verzeihung bieden mussen(Romain 3:23, 6:23). Wann Gott existeiert dann stin mier a senger Schold. Wann Gott allerdengs net existeiert, dann kennen mier maachen wat mier wellen ouni eis Gedanken em dem Gott sain Urteel ze maachen. Dofir streiden sou vill Leit d’Existenz vu Gott oof un der natierlecher Entstehung hänken-et gett hinnen eng Alternativ fir un de Gott ze gleewen. Gott existeiert and dofir wees och jiddereen dass Hien existeiert. Den Fakt, dass souvill Leit seng Existenz bestreiden as un sech en Beweis fir d’Existenz vu Gott.

Wei sollen mier also wessen, dass Gott existeiert? Als Creschten, wessen mir dass Gott existeiert well mier all Dag mat Him schwetzen. Mier heieren Hien net wierklech mee mier spieren seng Präsenz, spieren Seng Leedung, mier wessen em Seng Leift an mier wellen seng Gutthäerzechkeet. Et sinn Saachen an eisem Liewen geschitt, fir die mier eis keng Erklärung kennen ginnan mier kennen also naischt anescht maan wie un d’Existenz vu Gott ze gleewen. Keen vun desen Argumenter kann een iwwerzeegen deen sech weigert, wat souwisou schon feststeet.Fir oofzeschleissen muss een soen, dass d’Existenz vu Gott nemmen mat Hellef vu Glaawen akzepteiert gi kann (haebräesch 11:6). De Glawen a Gott as keen blanne Schrett an d’Donkelt; et ass e secheren Schrett an e gudd beliichten Raum wou d’Majoriteit vun der Menschheet schon steet.

English



Zeréck op di Lëtzebuerger Haaptsäit

Existéiert Gott? Gëtt et Beweiser fir d’Existenz vu Gott?
© Copyright Got Questions Ministries